Radioen

On air

One World  |  Spring Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christophe Hansen presentéiert EU-Visioun fir d'Landwirtschaft

EUROPÄESCH KOMMISSIOUN

Christophe Hansen presentéiert EU-Visioun fir d'Landwirtschaft

Et ass deen éischte groussen Optrëtt vum Lëtzebuerger EU-Kommissär. Hie stellt d'Pläng fir d'Zukunft vun der EU-Agrarpolitik zesumme mam Vizepresident vun der Kommissioun, dem Italieener Raffaele Fitto, vir.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© European Union 2024 play_arrow
(Foto: European Union 2024)

D'Bauereprotester an der EU waren zejoert net ze iwwerhéieren. A si hunn hir Spueren hannerlooss an der Approche vun der Europäescher Kommissioun géintiwwer dësem Secteur, dee ronn een Drëttel vum EU-Budget verschléckt.

System fir EU-Subside fir d'Bauere soll iwwerschafft ginn

De Secteur muss méi attraktiv ginn, heescht et am Brouillon vum Visiounstext. Déi definitiv Versioun gëtt e Mëttwoch de Mëtteg vum Christophe Hansen presentéiert.

Besonnesch gespaant sinn der do vill op eventuell Ännerungen am System vun de Subside fir d'Baueren. Déi ëffentlech Ënnerstëtzung soll méi gerecht a méi cibléiert ginn - esou de virleefegen Text. Rieds geet vun enger Balance tëschent fixe Reegelen an Ureizer fir d'Baueren.

D'Payementer géife sech un den ekonomeschen Iwwerliewenschancë vun engem Betrib an hirem Bäitrag zum Ëmweltschutz orientéieren.

Grouss Erwaardungen

Den DP-Europadeputéierte Charles Goerens setzt drop, datt d'Kommissioun elo méi konkret gëtt an deem, wat bis elo annoncéiert gouf.

"Ech erwaarde mer, datt de Christophe Hansen méi konkreet gëtt iwwer dat, wat hie schonn am Hearing gesot hat. E wëllt déi Flächeprämien, déi d'Bauere kréien an der ganzer Europäescher Unioun, nei modelléieren, fir datt déi ganz grouss, déi se am Fong net bräichten an deem Ausmooss, datt déi gekappt ginn, an déi Suen da verdeelt ginn u mëttel a kleng Betriber. Dat ass am Usaz eng Fuerderung, déi och breet gedeelt gëtt an der Agrarkommissioun."

Ëmdenken néideg

Fir déi gréng EU-Deputéiert Tilly Metz ass een Ëmdenken an der gemeinsamer Agrarpolitik néideg.

"Ewech vun de Subside just par Rapport zu den Hektaren, mee wou een eebe wierklech kuckt, wéi vill Leit schaffen op deem Betrib. Also mir hätte scho gär e Paradigmewiessel, mir hunn héich Erwaardungen."

Déi gemeinsam Agrarpolitik ass essentiel bei der Ënnerstëtzung vun de Baueren. Déi direkt Subside maachen an der Moyenne ëmmerhi ronn ee Véierel vun hirem Akommes aus, hält d'Kommissioun am Text fest

Ob a wéi radikal d'Kommissioun hei de System ännere wëllt, gëtt da wuel eréischt am Summer méi kloer, wann déi éischt Propose fir de pluriannuellen europäesche Budget virleien.

Lauschterenplay_arrow