De Site gouf zesumme mat der Klima-Agence entwéckelt. Et wier alle Bedeelegte wichteg gewiescht, fir Transparenz ronderëm de Sujet vun der Energie zu Lëtzebuerg ze schafen, betount de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles am 100,7-Interview.
Dozou gehéiert ënner anerem ze gesinn, wéi vill Solarenergie, Photovoltaik a Wandenergie scho produzéiert gëtt. Oder Informatiounen iwwert den Import an Export ze kréien. Dat wier ee wichtege Bestanddeel vun der Sensibiliséierung vun de Leit, fënnt de Lex Delles.
All Informatiounen op enger Plaz
Op der Online-Plattform fënnt een dofir eng Partie Grafiken an Tabellen zu de wichtegsten Indicateure vum nationalen Energie- a Klimaplang, PNEC.
„Datt jiddwereen à tout moment kann, nokucken, wou mer, par rapport zu eise PNEC-Ziler sinn, wat ganz ambitiéis Ziler sinn.“
An der Vergaangenheet wieren zwar och ëmmer nees Zuele genannt ginn. Mee net jiddereen hätt ëmmer gewosst wou een dës Informatioune kéint fannen, erkläert den Energie- a Wirtschaftsminister. Op der Online Plattform ginn dofir all d‘Informatiounen op enger Plaz gesammelt an à jour gesat.
Esou ass haut op energieauer.lu zum Beispill ze liesen, datt zu Lëtzebuerg gëschter bal 7GWh Elektresch consomméiert goufen.
Geschriwwe vum Pit Beffort