Radioen

On air

Notturno  |  Still Woozy - Shotput

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Medecins du Monde fuerdert eng fundamental Reform vun der Wanteraktioun

Vill elementar Problemer

Medecins du Monde fuerdert eng fundamental Reform vun der Wanteraktioun

D'ONG, déi an der Wanteraktioun medezinesch Permanence assuréiert, schwätzt vun elementaren humanitäre Rechter, déi net agehale géife ginn, ënnert anerem a Saache Recht op Privatsphär. Donieft ass et d’Kritik, datt de Staat hei de strikte Minimum géif maachen, fir datt en net "non-assistance à personne en danger" virgehäit kréich.

auto_stories

1 min

Médecins du Monde fuerdert, datt d’Wanterkatioun net nëmmen am Wanter, mee dat ganzt Joer iwwer op ass, erkläert d’Responsabel fir de service social Stéphanie Gardini.

"Et gi verschidden Etappen. Mir brauche wierklech eng Struktur fir all déi Leit, déi Rechter hunn, déi kënne begleet ginn an déi kënnen déi Rechter opmaachen an dann och an hirer Reintegratioun begleet ginn."

Déi Leit missten an der Nuecht eng Plaz hu fir ze schlofen a bräichten een intensive soziale Suivi. Donieft wiere Strukture mat nidderschwellegem Accès fir prekariséiert Leit néideg „fir einfach roueg ze schlofen a kënnen eng Dusch ze kréien, Iessen an och do e Suivi, fir se erëm ze begleeden.

Dëst wier och e wichtege Schrëtt a Richtung vun der lutte géint de sans-abrisme, sou nach d’ONG médecins du Monde, sou nach d‘Stéphanie Gardini.