Mat dobäi um CFL-Chantier ronderëm d'Beetebuerger Gare
Nach bis Enn der Woch wäert keen Zuch tëscht Beetebuerg an der Stater Gare fueren. Grond dofir ass de Chantier vun der Neibaustreck, déi vun der Rentrée 2027 un een zweeten Tracé an de Süde vum Land wäert erméiglechen. Dat ass awer net deen eenzege Volet un deem een den Ament zu Beetebuerg schafft.
Ronderëm d’Beetebuerger Gare gëtt dës Zäit net just genotzt fir den Uschloss vun der Neibaustreck virzebereeden – och soss gëtt villes moderniséiert.
De Kaméidi ass noutwenneg
Stëbs, Getuuts, a vill Verkéier: Wien nieft der Beetebuerger Gare wunnt huet et den Ament net einfach. Schonn zënter ronn engem Mount ass de Chantier am nërdlechen Deel vun der Beetebuerger Gare amgaangen.
De Christian Kohnen, Chef de Projet vum Chantier, bedauert, datt d’Awunner doduerch gestéiert ginn. Mee d’Aarbechten – déi zum Deel och an der Nuecht gemaach ginn – wieren noutwenneg, erkläert hien.
"Par rapport zum gesamte Land ass d'Gare Beetebuerg déi zweetgréisste Gare wat d'Frequentatioun vum Voyageur ugeet. Dofir ass schonn de But fir déi ganz Gare, wat d'Qualitéit fir de Voyageur betrëfft, ze verbesseren."
Fir datt den Impakt vum Chantier esou kleng wéi méiglech gehale gëtt, géif een direkt e puer Aarbechte matenee maachen, esou de Christian Kohnen.
"Mir hu besteeënd Gleiser hei erausgeholl op enger Längt ongeféier vun 250 Meter a mir hunn am Fong elo en Vue vum Raccordement vun der Neibaustreck déi ganz Plattform, dat heescht den Ënnerbau, den Naturschotter, vum Gleis erneiert."
De Christian Kohnen (Foto: Pit Beffort)
Ronn 2.200 Tonnen Naturschotter fir de Chantier
Ronn 110 Camione mat all Kéiers 20 Tonnen Naturschotter fuere wärend der Dauer vum Chantier zu Beetebuerg. De Beräich am Norde vun der Gare gëtt och méi breet gemaach, seet de Christian Kohnen. Dat, well an Zukunft véier amplaz vun zwee Gleiser vu Beetebuerg an d’Stad solle goen.
"Wou dann zwee Gleiser am Fong weider iwwer déi besteeënd Streck ginn iwwer Bierchem an dann zwee Gleiser Richtung Neibau-Streck da ginn."
D’Neibaustreck soll et erméigleche méi Zich pro Stonn tëschent der Stad an dem Süde vum Land zirkuléieren ze loossen. Den definitiven Uschloss vun der Neibaustreck un d’Beetebuerger Gare ass fir nächst Joer geplangt.
Duerch d'Aarbechte soll de Kaméidi reduzéiert ginn
Wärend den Aarbechten un de Gleise ginn och déi sougenannt Pisten um Bord vun de Gleiser erneiert, wou d’CFL-Personal driwwer trëppelt. Am nërdleche Beräich vun der Gare goufen och Schallschutzmauere laanscht d’Gleisen opgestallt.
(Foto: Pit Beffort)
Déi Mauere géifen de Schall souzesoe schlécken, erkläert de Christian Kohnen.
"Dat ass am Fong elo eng Mëschung aus Holz an Zement, wou am Fong da méi en natierleche Produit ass duerch deen holzen Undeel. Déi sinn dräi Meter héich. Dat heescht, dat ass schonn eng wesentlech Verbesserung vum Kaméidi hier wéi virdrun."
E spannende Souterrain
Dobäi kënnt och nach en neien ënnerierdesche Passage fir Foussgänger a Vëlosfuerer, deen allerdéngs nach net accessibel ass.
"Mir musse säitlech déi zwou Rampen nach fäerdeg maachen an dann och am Souterrain selwer d'Finitiounsaarbechte fäerdeg maachen an da wäert dee Souterrain d'nächst Joer opgoen."
Fir de Christian Kohnen wier d’Asetze vum Souterrain och ee vun de spannendsten Deeler vum Chantier gewiescht.
"Wou mir dann e Lach gegruewen hunn, wou dann deen neie Souterrain am Fong säitlech eragesat ginn ass. Also eenzel Elementer sinn do säitlech eragesat ginn an dann riwwergerippt ginn, dat heescht riwwer gedréckt ginn, mat hydraulesche Pressen."
E grousse Chantier: Wat ass deen nächsten Imprevu?
Als Chef de projet huet de Christian Kohnen eng besonnesch Responsabilitéit bei den Aarbechten. Esou e grousse Chantier wier eng opreegend Zäit, erzielt hien. Op der enger Säit géif ee gesinn, datt d’Virbereedung aus de leschte Méint sech lount. Anerersäits wéisst een ni wat fir Imprevue kéinte geschéien.
"Datt ee mol Reseauen huet, wou net virgesi waren oder, ech mengen déi Haaptproblematik hei war och d'Accès-Situatioun. Déi ass net einfach hei, well mir wierklech op zwou Säite Gebaier hunn."
Bis ewell wier awer alles gutt verlaf, constatéiert de Christian Kohnen. Dofir dierft d’Streck tëschent Beetebuerg an der Stad och wéi geplangt e Méindeg nees fir den Zuchverkéier opgoen.
(Foto: Pit Beffort)
Nom Chantier ass virum Chantier
Roueg sinn d’Awunner:inne ronderëm d’Gare awer net laang: An den nächste Jore soll ënner anerem déi ganz Gare ëmgebaut a moderniséiert ginn.
"Do wäerte mir d'Quaien erneieren, och deelweis reamenagéieren. Déi Quaie wäerten dann all eng Längt kréie vun 250 Meter, fir och déi laang Zich kënnen ze empfänken. Se wäerte méi breet ginn."
Et wéilt een d’Quaien dann och konform maache fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit, esou de Christian Kohnen. Och d’Gebai vun der Gare, grad ewéi d’Busgare direkt virdrun, wäerten nei gemaach ginn.
Wéini dës Aarbechten ufänken ass fir de Moment awer nach net gewosst. Fir d’éischt soll nämlech un de Schinne geschafft ginn.