arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg freet Belsch fir Ausnam vun der Autobunnsvignette am Grenzgebitt

Mobilitéit

|
reading time

1 min

Lëtzebuerg freet Belsch fir Ausnam vun der Autobunnsvignette am Grenzgebitt

Well d’Belsch eng Vignette op den Autobunne wëll aféieren huet Lëtzebuerg bei der wallounescher Regierung gefrot, op eng Ausnam fir d'Grenzgebitt kéint gemaach ginn. Dat geet aus der Äntwert vun den DP-Ministere Backes a Bettel op eng parlamentaresch Fro vun hirer eegener Partei ervir.

reading time

1 min

© picture alliance / Goldmann | Goldmann
(Foto: picture alliance / Goldmann | Goldmann)

D‘Lëtzebuerger Regierung wëllt vun där wallounescher och wëssen, ob ee bei der Vignette Ausname fir d‘Police, Pompjeeën an aner Kategorie kéint maachen.

Allgemeng fuerdert Lëtzebuerg vun de wallouneschen Autoritéite Clarifikatiounen iwwert de méiglechen Impakt vun esou enger Autobunnsvignette op d‘Frontalieren, d‘Awunner, de Camionstrafic an d‘Wirtschaft.

Lëtzebuerg fäert, datt eng Autobunnsvignette an der Belsch vill negativ Impakter kéint hunn.

"Groussregioun hätt Eegenschaften, déi ee misst erhalen"

D‘Lëtzebuerger Regierung géif d‘Souveränitéit vun der Belsch bei Decisiounen an der Stroossepolitik unerkennen. Mee d‘Groussregioun hätt als Grenzgebitt Eegenschaften, déi een onbedéngt misst erhalen, sou d‘Yuricko Bakes an de Xavier Bettel.