arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Niddregwaasser op Rhäin a Musel suergt fir Aktivitéitsréckgang am Mäerterter Hafen

Transport

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Niddregwaasser op Rhäin a Musel suergt fir Aktivitéitsréckgang am Mäerterter Hafen

Wéinst dem Niddregwaasser a Rhäin a Musel mierkt een e Réckgank vun der Aktivitéit am Mäerterter Hafen. Dat sot de Luxport-Direkter Gilles Braquet am 100,7-Interview. Obwuel d’Unzuel u Schëffer, déi de Moment zu Mäertert am Hafen ukommen, nach bal identesch ass mat der Zäit virum Niddregwaasser.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView
(Foto: Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView)

An awer ass den Tonnage, deen ëmgeschloe gëtt, massiv reduzéiert, esou de Gilles Braquet. 

"Deen ass nëmmen nach bei 20, 30 Prozent. Fréier ass e Schëff komm, dat huet 2.000 Tonne geholl oder huet 2.000 Tonnen ugeliwwert. Haut kommen natierlech do 5 Schëffer, déi jidderee 400 Tonnen hunn."

Dat huet dann och mat de niddrege Peegelstänn ze dinn, seet de Luxport-Direkter.

"D'Schëff geet bis zu 2,80 Meter, 3 Meter an d'Waasser, wann et voll belueden ass, wann et bei eis erausgeet. Dat ass haut awer net méiglech. Dat heescht, do si mir bei Déifte vun 1,20 Meter, an deen Déiftenënnerscheed mécht natierlech dann deen Tonnage aus, deen am Schëff feelt.”

Keen Enn a Siicht

Och wa Prognose schwéier si geet den Direkter vu Luxport awer dovun aus, datt sech d’Situatioun am Mäerterter Hafe wuel net an den nächste Wochen a Méint entschäerft.

A wann dann, wéi vun elo e Méindeg un nach e Chantier op der Zuchstreck Stad-Tréier dobäi kënnt, deen den Hafe mat impaktéiert, "da fänkt et u sportlech ze ginn", esou nach de Gilles Braquet.

Gewësse Virbereedung war do

Et géif ee mam Zuch- a mam Schëffswee zwee vun dräi Versuergungsweeër verléieren, soudatt een, Zitat Gilles Braquet, "relativ wackeleg op engem Bee" stéing, dem Transport iwwert d’Strooss. Et wier een awer virbereet gewiescht.

"Mir hunn natierlech och liicht virgebaut, dass mer gesot hunn, ok, mir verleeën Aktivitéite wéi zum Beispill Maintenanceaktivitéiten, wéi Inventuren an deen Zäitraum.”

E bësse Ree geet net duer mee hëlleft awer

Fir datt d’Schëffer nees normal kéinte fueren, bräicht et eng konstant Reeperiod iwwer e puer Wochen: De Moment wären awer éischter 1-2 Deeg Reen um Stéck virausgesot. Nawell sollt dovu profitéiert ginn.

"Fir vläicht 800 oder 1.000 Tonnen ze verlueden, awer mir sinn nach ëmmer do wäit dovun, dass mer kënne soen, d'Lag huet sech normaliséiert oder wäert sech normaliséieren."

De Gilles Braquet betount, datt net domat ze rechne war, datt de Summer sou dréche géif ginn. Dofir géif een am Mäerterter Hafen no Alternative siche wéi Zuch a Camion, well et sou Situatioune wéi déi aktuell an Zukunft wuel méi dacks géif ginn.

play_arrow Lauschteren