arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mat 4 Lëtzebuerger Athleten op d'Liichtathletik-WM

Sport

|
headphones

5 min

headphones

7 min

play_arrow

Mat 4 Lëtzebuerger Athleten op d'Liichtathletik-WM

Vum 13. bis den 21. September fënnt zu Tokio d'Liichtathletik-Weltmeeschterschaft statt. Mat dobäi sinn och 4 Lëtzebuerger Athletinnen an Athleten. Iwwer hir Ambitiounen an Ziler huet de Maurice Molitor mam techneschen Direkter vun der FLA geschwat.

headphones

5 min

headphones

7 min

play_arrow
© EPA/MAST IRHAM
(Foto: EPA/MAST IRHAM)

An deem Stadion, an deem viru 4 Joer nach d'Olympesch Summerspiller stattfonnt hunn, trëfft sech an de kommenden Deeg d’Elite aus der Liichtathletik fir un der Weltmeeschterschaft deelzehuelen.

Fir Lëtzebuerg un de Start ginn d'Patrizia van der Weken, d'Vera Bertemes, de Charles Grethen an de Ruben Querinjean.

Mat dobäi ass och de Jean-Baptiste Souche, techneschen Direkter vun der Liichtathletikfederatioun. Hien encadréiert déi 4 Lëtzebuerger Athletinnen an Athleten zu Tokio.

Patrizia van der Weken net bei 100 Prozent

Am meeschte Succès op enger WM hat bis elo d'Sprinterin Patrizia van der Weken. Si huet awer en Deel vun der Saison hanner sech, dee méi komplizéiert war, gëtt och de Jean-Baptiste Souche zou. Kleng Verletzungen hätte si ëmmer nees zeréckgeworf. Et géing zwar lo nees besser goen, mee bei 100 Prozent wier si nach net.

Wat d'Ambitioune vun den eenzelnen Athleten ass, wier ëmmer schwéier ze soen, seet den techneschen Direkter vun der FLA. Dat, well d'Competitioun um héchstméiglechen Niveau stattfënnt. Et sollt een dofir een Tour nom anere kucken an ëmmer säi Bescht ginn.

Fir all Lëtzebuerger, deen dobäi ass, wier eng Qualifikatioun fir eng Finall dofir schonn e Succès, seet de Jean-Baptiste Souche.

© picture alliance / Chai von der Laage | Gladys Chai von der Laage
(Foto: picture alliance / Chai von der Laage | Gladys Chai von der Laage)

All Aen um Ruben Querinjean?

Intressant wäert och ze gesi sinn, wéi de Ruben Querinjean sech op den 3.000 Meter Steeple schléit. Viru puer Wochen huet hien an der Diamond League zu Bréissel fir eng grouss Iwwerraschung gesuergt a seng Course gewonn. Gëtt hie vun der Konkurrenz elo méi bekuckt?

Fir de Jean-Baptiste Souche ass seng Victoire beim Mémorial van Damme éischter eppes Positives gewiescht, wéi datt et elo negativ Effekter hätt. D'Athlete bei där Disziplin wiere vum Niveau hier esou enk beieneen, datt quasi jidderee bekuckt géing ginn, esou de Responsabele vun der FLA.

Natierlech erwaart de Lëtzebuerger Public sech elo nees eng gutt Performance vum Ruben Querinjean. Deen hätt sech no senger Victoire bestätegt gefillt, well se him gewisen huet, datt hie mat der Welt-Elite mathale kann. Drock, esou de Jean-Baptiste Souche, géing hien awer kee verspieren.

"Il est largement capable de gérer cette pression. Lui même a des attentes élevées. La pression vient plus de lui que des autres."

De Lëtzebuerger Athlet Ruben Querinjean gewënnt den 3.000 Meter Steeplechase an der Diamond League | © OLIVIER HOSLET
De Lëtzebuerger Athlet Ruben Querinjean gewënnt den 3.000 Meter Steeplechase an der Diamond League (Foto: OLIVIER HOSLET)

Leschten internationale Meeting fir de Charles Grethen

Fir de Charles Grethen, dee genau wéi d'Vera Bertemes op den 1.500 Meter un den Depart geet, wäert et déi leschten international Course sinn. Kuerz dono wäert hie seng Lafschung un den Nol hänken.

Eng Decisioun, op déi de Jean-Claude Souche keen Afloss geholl huet, an och net huele wollt. Wann een esou eng laang an erfollegräich Karriär als Athlet hat, da wéisst een och am beschten, wéini een domadder ophale soll, ënnersträicht den techneschen Direkter vun der FLA.

© picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS | BEAUTIFUL SPORTS/Leah Kohring
(Foto: picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS | BEAUTIFUL SPORTS/Leah Kohring)

Genau wéi fir d'Vera Bertemes wier och fir de Charles Grethen eng Qualifikatioun fir d'Halleffinall schonn en enorme Succes, esou nach de Jean-Baptiste Souche.

play_arrow Lauschteren