Op ee Joer gekuckt, war et déi lescht 12 Méint 1,58 Grad méi waarm, wéi an der pre-industrieller Zäit. Domat gouf d‘1,5 Grad-Limitt vum Paräisser Klimaaccord iwwerschratt.
Schold doru wieren d‘Zäregas-Emissiounen duerch déi fossil Energien. D‘Konsequenze wiere méi heefeg extreem Evenementer, wéi Hëtztwellen, Dréchenten, Bëschbränn an Iwwerschwemmungen, esou nach Copernicus. D‘Äerderwiermung géif zanter zejoert och nach duerch de sougenannten El Niño Phänomeen verstäerkt ginn.