No den individuelle Reunioune sinn d'Vertrieder an d'Vertriederinne vun de Parteien de Mëtteg um 14 Auer all am selwechte Sall mam President zesummen. Aus sengem Ëmfeld heescht et weider, et wéilt ee séier virukommen an een Accord fannen, fir een neie Regierungschef oder eng nei Regierungscheffin ze nominéieren.