arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Holtz schreift oppene Bréif un FLF: Een Aen laacht, een Aen kräischt

Kontrakt gouf net verlängert

|
reading time

1 min

Luc Holtz schreift oppene Bréif un FLF: Een Aen laacht, een Aen kräischt

An engem oppene Bréif huet de Futtballnationaltrainer Luc Holtz haut op d'Decisioun vun der FLF reagéiert, säi Kontrakt Enn des Joers net ze verlängeren. Hie géif mat engem laachenden an engem kräischenden A goen, sou de Luc Holtz, dee preziséiert, datt d'FLF déi Decisioun geholl hätt.

reading time

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot )

Et wiere 15 erfollegräich Joer gewiescht an hie géif sech bis zum Schluss fir d'Rout Léiwen asetzen. Mee an de leschte Méint hätt déi medial Berichterstattung an d'Opmierksamkeet vun der Lëtzebuerger Sportspress op ausseruerdentlechen Themen an op Onwourechten a Kritik u senger Persoun geleeën, sou de Luc Holtz deen domat nach eemol géint d'Press notrëppelt.