Op e Joer gekuckt gouf et e Wuesstem vun 0,9 Prozent, esou de Statec. A verschiddene Secteuren ass den Emploi méi gewuess wéi an aneren – dee stäerkste Wuesstem gouf et bei den ëffentleche Verwaltungen a Servicer, mat enger Hausse vun 0,9 Prozent am zweeten Trimester.
E Verloscht gouf et par contre an de Secteure vum Bau, der Informatioun an der Kommunikatioun.
Manner Frontalieren
E weidere Constat vum Statec betrëfft d'Frontalieren: D'Zuel vun däitschen a belsche Frontalieren, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, ass am zweeten Trimester gefall - mat minus 0,7 Prozent fir déi däitsch, a minus 0,3 Prozent fir déi belsch Frontalieren.
An d'Zuel vun de Salariéen, déi Resident sinn, ass am zweeten Trimester liicht méi staark gewuess, wéi bei de Frontalieren, esou nach de Statec.