D'Cécile Kohler an de Jacques Paris waren am Mee 2022 wärend enger Rees am Iran wéinst presuméiertem Spionage festgeholl ginn. Si hunn de Virworf dementéiert. De franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot huet op X geschriwwen, déi Zwee wieren den Ament an der Residence vum franséischen Ambassadeur zu Teheran. Et géif hinne gutt goen. Un hirer definitiver Fräiloossung géif weider geschafft ginn.
arrow_back_ios
Noriichten
Iran
|Liberatioun vun 2 franséischen Touristen
Grouss Erliichterung a Frankräich: No méi wéi dräi Joer Prisong am Iran sinn zwee Fransousen elo fräigelooss ginn. Si bleiwen awer bis op Weideres am Iran.