Radioen

On air

9 bis 1  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Educatioun huet weider mat sozialen Ongläichheeten ze kämpfen

Nei Etüd

Lëtzebuerger Educatioun huet weider mat sozialen Ongläichheeten ze kämpfen

Déi sozial Ongläichheeten tëscht de Kanner bleift déi gréisst Erausfuerderung an der Lëtzebuerger Educatioun. Dat ass d'Conclusioun aus dem 4. nationale Bildungsrapport vum SCRIPT zesumme mam LUCET, dem Luxembourg Center for Educational Testing, deen um Méindegmoie presentéiert ginn ass.

auto_stories

1 min

© Ana Angel
Foto: Ana Angel

Déi Kanner, déi an engem sozioekonomesch mei schwaachen Haushalt grouss ginn, spieren d'Ongläichheete bis an den Erwuessenenalter.

D'Direktesch vum LUCET, d'Sonja Ugen, betount iwwerdeems, datt et nach un Donnéeë feelt iwwer Kanner mat spezifesche Besoinen. Wat bis ewell awer aus den Donnéeë géif ervir goen, wier, datt d'Léierpersonal sech net forméiert genuch fillt fir mat Kanner mat spezifesche Besoinen ze schaffen.