Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëffentlech europäesch Schoule kënne fir méi Chancëgläichheet suergen

No der Presentatioun vum Bildungsrapport

Ëffentlech europäesch Schoule kënne fir méi Chancëgläichheet suergen

Déi ëffentlech international Schoule ginn am neie Bildungsrapport als eng vun de positive Mesuren ervirgehuewen, fir méi Chancëgläichheeten am Lëtzebuerger Educatiounssystem ze schafen. Dat sot Thomas Lenz, Research Manager vum Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET), am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Déi ëffentlech europäesch Schoule gi virun allem vu Kanner aus sozio-ekonomesch besser situéierte Famillje besicht. Et wier schwiereg, déi Familljen ze erreechen, déi vun dëse Schoulen am meeschte kéinte profitéieren, esou de Research manager vum Luxembourg Centre for Educational Testing.

Brauch et méi Diversitéit beim Léierpersonal?

Et géif awer éischt positiv Indicen, datt Kanner, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, an den ëffentlechen Europaschoule, wou si also en Ausbildungswee kënne wielen, deen hirer Mammesprooch éischter entsprécht, besser virukéimen. Am traditionelle Schoulsystem hunn aktuell ronn 50 Prozent vun de Schüler déi lëtzebuergesch Staatsbiergerschaft, huet den Thomas Lenz preziséiert. Deem géintiwwer steet e Corps enseignant mat 90 Prozent Lëtzebuerger. Ass dat e Problem?

"Da trifft also eine sehr, sehr diverse Schülerschaft auf eine vergleichsweise homogene Lehrerschaft und natürlich wäre es interessant, wäre es wichtig, dass sich auch in der Lehrerschaft Menschen mit Migrationshintergrund, vielleicht mit anderen Familliensprachen und so weiter etwas stärker wiederfinden, als das momentan der Fall ist."