Radioen

On air

Concert  |  E Lëtzebuerger Rising Star: Benjamin Kruithof

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Djuna Bernard: Handyverbuet an de Schoulen "iwwer de Knéi gebrach"

Chamber

Djuna Bernard: Handyverbuet an de Schoulen "iwwer de Knéi gebrach"

D’Handyverbuet an de Schoule vum Educatiounsminister Claude Meisch wier iwwer de Knéi gebrach a géif d‘Verantwortung op d’ Lycéeën ofdrécken. Dat huet déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard an enger Froestonn an der Chamber dem Educatiounsminister virgeheit.

auto_stories

1 min

Am Klassesall kann den Handy eng grouss Oflenkungsgefor duerstellen. | © Adobe Stock
Foto: Adobe Stock

Et misst eng eenheetlech national Reglementatioun fir d’Handynotzung an de Lycéeë ginn, sou d`Djuna Bernard. Anescht géif et zu Inkohärenzen a Konkurrenz tëscht de Lycéeë feieren.

Den Handy wier e wesentlechen Aspekt am gesellschaftleche Liewen an et misst een éischter iwwer den Ëmgang domat opklären, wéi d’Gerät un sech ze verbidden, sou Djuna Bernard.

Éischte Bilan no der Päischtvakanz

Dat aktuellt Handyverbuet trëtt d’nächst Joer no der Ouschtervakanz an de Grondschoulen a Kraaft. D’Lycéeën dierfen eege Reegelen opstellen a kënne bis Päischten eegen intern Konzepter ausschaffen.

Den Educatiounsminister Claude Meisch hat ugekënnegt, datt een no der Päischtvakanz 2025 e Bilan géif mat de Lycéeën zéien an eventuell reajustéieren. Hie kéint sech e komplett Handyverbuet fir déi dräi éischt Joer am Lycée virstellen. D’Oppositiounsparteien hu sech virrangeg géint e komplett Handyverbuet an de Lycéeën ausgeschwat. Si ënnerstëtzen awer e partiellt Handyverbuet, notamment an de Schoulstonnen.