Den Affekot vun der Ëmweltschutzorganisatioun huet dem Ëmweltministère elo e Bréif geschéckt fir ze soen, datt Google net am Recht wier, d‘Geschäftsgeheimnis ze benotze fir der Ëffentlechkeet Informatiounen iwwer den Impakt vum Datenzenter op d‘Ëmwelt virzebehalen.
D’Presidentin vum MouvEco Blanche Weber.
"Mir sinn awer elo der Meenung, datt relevant Daten, déi eis als Gesellschaft betreffen, nämlech déi vum Energieverbrauch, vun der Klimaproblematik an esou weider, natierlech mussen ëffentlech sinn."
Interêt vun der Kollektivitéit steet iwwer deem vum Betrib
Dës Donnéeë kéinten net als Betribsgeheimnis betruecht ginn, esou d'Blanche Weber. Do géif den Interêt vun der Kollektivitéit par rapport zu engem vermeintlechen Nodeel fir e Betrib vir goen.
"Mir gesinn och iwwerhaapt net a wéi en Nodeel Google soll hunn, wa se déi Daten oppeleeën."
Feele géifen am Google Dossier och d’Avise vun deenen aneren ëffentlechen Acteuren, esou d’Blanche Weber. Et wéilt ee sech e Gesamtbild vum Projet maachen an dofir misst een och wëssen, wat d’Regierung vu Google erwaart a wéi se zu verschiddene Modalitéite stinn.
Wäermt géif einfach an d'Loft ausgestouss ginn
Den aktuelle Pläng no géif d’Wäermt, déi den Datenzenter ausstousse géif, zum Beispill einfach an d’Loft geblose ginn, amplaz se an Zäite vu Klimakatastroph an Energiekris ze valoriséieren, wéi d’Blanche Weber monéiert.
Dës enorm Quantitéiten un Hëtzt déi den Datenzenter hei géif an d'Loft blosen, kéinten och genotzt gi fir Ettelbréck, Dikrech oder fir d'Betriber an der Ëmgéigend beispillsweis ze heizen oder fir aner Produktiounsprozesser oder der Gläichen.
"An déi puchen dat an d'Loft. Mir schwätze vu Klimakatastroph, mer brauchen nei Energiequellen a Google géing dat an d'Loft puchen. Et kann net sinn, amplaz eis Heizung ze heizen, heizt Google gären de Klima un."
Als Mouvement Ecologique wieren si der Meenung, datt den Datenzenter vum Online-Gigant Google hei misst eng Virschrëft kréien, datt déi Hëtzt an e Wärmenetz kënnt an, datt déi weider genotzt gëtt, erkläert nach d'Presidentin vum MouvEco Blanche Weber.
Affekot vum MouvEco: Gesetzgebung géif et erlaben
D’Ministèren géifen argumentéieren, datt et zu Lëtzebuerg eeben nach kee Wärmegesetz géif ginn, wat dëst virschreift. Den Affekot vun der Ëmweltorganisatioun kënnt elo awer zur Conclusioun, datt déi aktuell Gesetzgebung dat duerchaus géif erlaben. Am Kommodosgesetz géif kloer drastoen, datt déi beschtméiglech Technologie muss genotzt ginn.
De Mouvéco géif deemno weiderhin drop pochen, datt déi Hëtzt valoriséiert gëtt. Wann de Ministère Google an zentrale Punkten net méi kloer Oploe géif maachen, da géif ee sech och iwwerleeën, viru Geriicht ze zéien, huet d’Blanche Weber nach eng Kéier betount.
Nach ee Mount Zäit
Wéi den Ëmweltministère eis op Nofro hi matgedeelt huet, wieren am Ganzen iwweregens dräi Avisen zur Ëmweltimpaktetude agaang. De Ministère huet elo nach e gudde Mount Zäit, se ze analyséieren a Google eng Réckmeldung fir eventuell Nobesserungen ze ginn, ier et dann an d’Geneemegungsprozedur geet.