arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lescht russescht Konsulat a Polen zougemaach

No Sprengstoffattack

|
headphones

1 min

Lescht russescht Konsulat a Polen zougemaach

Pole schwätzt no der rezenter Sprengstoffattack op eng strategesch wichteg Zuchstreck vu „Staatsterrorismus“ an zitt Konsequenze fir Moskau: Dat lescht russescht Konsulat a Pole soll zougemaach ginn, dat huet de polneschen Ausseminister ugekënnegt.

headphones

1 min

Zerstéierten Deel vun der Zuchstreck Deblin-Warschau duerch Explosioun vu russescher Attack | © EPA/PRZEMYSLAW PIATKOWSKI POLAND OUT
Zerstéierten Deel vun der Zuchstreck Deblin-Warschau duerch Explosioun vu russescher Attack (Foto: EPA/PRZEMYSLAW PIATKOWSKI POLAND OUT)

Weider Schrëtt, och net-diplomatescher Natur, sollen nokommen. Detailer huet de polneschen Ausseminister awer net genannt.

Warschau gehäit dem russesche Geheimdéngscht vir, hannert der Sprengstoffattack ze stiechen. Beim Virfall ass zwar kee blesséiert ginn, ma Polen ass der Meenung, datt d‘Zil vum Ugrëff wuel war fir Leit ëmzebréngen. An dat wier keng Sabotage méi, mee Staatsterrorismus. De Kreml bedauert de Verfall vun de Relatioune mat Polen.

Zwee Ukrainer stinn am Verdacht hannert der Dot ze stoen. Si sollen am Optrag vu Russland agéiert hunn a sech no der Dot a Belarus ofgesat hunn, heescht et.

Grouss Hoffnungen, datt Belarus se ausliwwert, hätt een awer net, esou de polneschen Ausseminister. Belarus ass een enken Alliéierte vu Russland.