Radioen

On air

Notturno  |  Brigid Mae Power - Dream From The Deep Well

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lescht Ëmfroen: Unioun kéint ënner 30 Prozent rutschen, FDP a BSW leien ënner 5 Prozent

Däitsche Walkampf

Lescht Ëmfroen: Unioun kéint ënner 30 Prozent rutschen, FDP a BSW leien ënner 5 Prozent

Leschten Dag vum Walkampf an Däitschland. Een Dag virun de Bundestagswale maachen d‘Parteien nach eemol Reklamm fir sech. Aus den aktuellen Ëmfroe geet iwwerdeems ervir, datt eng Regierungsbildung komplizéiert kéint ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / PIC ONE | Ben Kriemann
(Foto: picture alliance / PIC ONE | Ben Kriemann)

D‘CDU an d‘CSU hunn haut um Samschdeg hiert lescht Walkampfevenement zu München. D‘SPD hat hiert lescht gréissert Evenement scho gëschter zu Dortmund. De Kanzler Olaf Scholz trëfft sech awer haut nach mat Wieler uechter Brandenburg.

D’Unioun féiert an den Ëmfroen, riskéiert awer ënner 30 Prozent ze falen. D’Regierungsbildung kéint schwéier ginn, well eng Koalitioun mat der SPD just nach eng knapp Majoritéit hätt.

D’AfD steet stabil bei 20 bis 21 Prozent, d’SPD bei 14 bi 16 Prozent, déi Gréng bei 12 bis 14 Prozent. FDP a Bündnis Sahra Wagenknecht riskéieren, déi Fënnef-Prozent-Hürd net ze packen.