Radioen

On air

Notturno  |  Surprise Chef - Money Music

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg a Frankräich wëllen Accord aushandele fir Policekooperatioun

Grenziwwerschreidend Kriminalitéit bekämpfen

Lëtzebuerg a Frankräich wëllen Accord aushandele fir Policekooperatioun

Den Inneminister Léon Gloden gouf um Donneschdeg zu Paräis vu sengem franséischen Homolog Bruno Retailleau empfaangen. Fir déi grenziwwerschreidend Kriminalitéit an den Drogenhandel besser ze bekämpfen, wëlle Lëtzebuerg a Frankräich an Zukunft en neie bilateralen Accord fir d'Policekooperatioun aushandelen, esou e Communiqué. 

auto_stories

1 min

Léon Gloden a Bruno Retailleau | © Dicom/ministère de l’Intérieur
Léon Gloden a Bruno Retailleau (Foto: Dicom/ministère de l’Intérieur)

De Léon Gloden hätt säi franséischen Homolog och doriwwer informéiert, datt hie geschwënn am Regierungsrot e Gesetzesprojet wéilt deposéiere fir zu Lëtzebuerg e System anzeféieren, mat deem Autosplacken automatesch erkannt ginn.

Dann hätt de Léon Gloden bei der Entrevue och widderholl, datt Lëtzebuerg géint Grenzkontrollen am Schengen-Raum ass, esou wéi Däitschland se den Ament nees ageféiert huet.