Radioen

On air

Vue sur mer  |  Sampha - Spirit 2.0

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Charles Goerens: Europa muss sech sou opstellen, datt et ofschréckt

DP-Europadeputéierten

Charles Goerens: Europa muss sech sou opstellen, datt et ofschréckt

"Europa jäizt no Féierung", seet de Charles Goerens am 100,7-Interview. Den DP-Europadeputéierte kommentéiert eng Woch, am Laf vun där d'Welt eng aner ginn ass. Europa misst elo e Signal ofginn, fir ze verhënneren, datt d'USA mat Russland en Accord iwwert den Ukrain Krich mécht, ouni d'Ukrain an Europa.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Den US President Donald Trump géif sech op d‘Säit vum Aggresseur, dem russesche President Wladimir Putin, stellen. Dat wier eng Situatioun, déi Europa scho Suerge misst maachen. Se kéint Putin encouragéieren, och nach aner Länner ze iwwerfalen, mengt de Charles Goerens. 

"Duerchaus méiglech", datt Putin seng Grenzen test

Dovu géife jiddefalls déi "pessimisteschst Observateure" ausgoen, datt dat an den nächste véier Joer kéint Realitéit ginn. Den Trump hält zum Aggresseur Putin. Bis elo waren d‘USA dee gréissten Haaptkonkurrent an Opponent vu Russland, gëtt de Charles Goerens ze verstoen. Et wier elo "duerchaus méiglech", datt de Putin seng Grenzen test an déi fréier baltesch Länner attackéiert.

Europa steet eleng do

"Et muss net esou kommen", seet den DP-Europadeputéierten.

"Dat wat mer kënne maachen, ass eis esou opstellen, datt mer déi ofschrécken, fir esou eppes ze maachen, déi dat eventuell kéinten am Schëld féieren. Mee mir sinn als Europäer eleng."

Kee géif Europa dovu schützen an Europa wier am Gaang ze schrumpfen. Et misst een aus dem "haarde Kär" vun demokratesche Kräften eng Determinatioun erausschielen, déi "d‘Saachen an Hand hëlt".

Lauschterenplay_arrow