search

/ Leetzëns bleift onverännert bei 2,25 Prozent

Europäesch Zentralbank

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Leetzëns bleift onverännert bei 2,25 Prozent

D’Europäesch Zentralbank (EZB) huet wéi erwaart decidéiert, hir Leetzënsen net unzepassen. Den Haapttaux fir d’Banken a Spuerer bleift bei 2,25 Prozent.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Als Grond fir d’Decisioun nennt d’Zentralbank d’Entwécklung vun der Inflatioun, déi am Juni liicht réckleefeg war. 

Gläichzäiteg bleift d’Onsécherheet wéinst dem Krich tëschent den USA an dem Iran héich. Dëse Konflikt dreift d’Uelegpräisser nees an d’Luucht.

Experten erwaarden nächst Ännerung am September

Experte rechnen domat, datt et bei der nächster Sëtzung am September zu enger Upassung kéint kommen.

Da sollen nei Prognosen zur Inflatioun an zur wirtschaftlecher Entwécklung virleien, op deenen d’EZB hir weider Zënspolitik baséiert.

D’EZB-Presidentin Christine Lagarde sot, d’Zentralbank géif d’Auswierkunge vun engem méiglechen Energieschock genee analyséieren.

“Mir kucken och - a besonnesch am Liicht vun de rezente Präisschwankungen - op d'Dauer, d'Intensitéit an d'Verbreedung vum Schock. An et ass wierklech op der Basis vun all dëse Parameteren, datt mir Sëtzung fir Sëtzung Entscheedungen treffen. Mir zeréck bei der Baseline.”

Si huet betount, datt an de kommende Wochen nei Donnéeë géife virleien an d’Entscheedung iwwer déi weider Zënspolitik am September geholl géif.

Lagarde dementéiert Rumeuren ëm e Récktrëtt

Op Spekulatiounen iwwer e méigleche Récktrëtt ugeschwat, huet d’Christine Lagarde erkläert, si géif net virun 2027 aus hirem Amt ausscheeden.

No de Reglementer leeft hir Amtszäit bis Oktober d’nächst Joer.

play_arrow Lauschteren