arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Suen aus dem Lëtzebuerger Pensiounsfong fir fossil Energien, fuerderen déi Lénk

Energie

|
reading time

1 min

Keng Suen aus dem Lëtzebuerger Pensiounsfong fir fossil Energien, fuerderen déi Lénk

déi Lénk fuerderen, datt d’Regierung dofir suergt, datt keng Suen aus dem Lëtzebuerger Pensiounsfong fossilen Energien zegutt kommen. Dat wier momentan awer de Fall. Deemno géifen 1,3 Milliarden Euro aus dem Pensiounsfong a Gas, Ueleg a Kuelkonzerner investéiert ginn.

reading time

1 min

(v.l.n.r.) Gary Diderich, David Wagner, Ana Correia, Marc Baum | © Luca Di Santolo
(v.l.n.r.) Gary Diderich, David Wagner, Ana Correia, Marc Baum (Foto: Luca Di Santolo)

Grad d’Pëtrolskonzerner hätte wéinst dem Krich am Iran riseg Beneficer gemaach.

Dofir fuerderen déi Lénk, datt d’CSV-DP-Regierung sech fir eng massiv Reduktioun vu fossilen Energien am internationale Kontext asetzt a fir eng sougennante Windfall-Steier, déi esou Beneficer massiv besteiert fir d’Energietransitioun ze finanzéieren.