arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "No Kings"-Demonstratiounen: Dausenden Amerikaner gi géint Trump-Politik op d'Strooss

USA

|
reading time

1 min

"No Kings"-Demonstratiounen: Dausenden Amerikaner gi géint Trump-Politik op d'Strooss

An den USA versammele sech landeswäit Millioune Mënschen zu sougenannten "No Kings"-Demonstratiounen. Si protestéiere géint dat ëmmer méi autoritäert Virgoe vum US-President Donald Trump. Gëschter solle ronn 8 Millioune Mënschen deelgeholl hunn.

reading time

1 min

© EPA/LUKE JOHNSON
(Foto: EPA/LUKE JOHNSON)

Op de Schëlder ware Schrëftzich ze liese wéi "Verteidegt d‘Demokratie" an "Amerika huet keng Kinneken“.

Iwwerdeems protestéieren si géint de Krich am Iran a géint d'Awanderungsautoritéit ICE.

Méi wéi 3.000 Demonstratioune waren an alle 50 Bundesstaaten ugemellt. Et ass schonn déi drëtt "No Kings"-Demonstratioun. Déi éischt war am Juni zejoert.