arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng genee Zuelen zu Mobbing an der Schoul

Educatioun

|
headphones

1 min

Keng genee Zuelen zu Mobbing an der Schoul

Den Educatiounsministère huet keng genee Zuelen iwwer Mobbingfäll an de Schoulen. Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro zu dësem Theema vun de Piraten. Allerdéngs géif eng Etüd iwwer Mobbing weisen, datt d‘Zuel zënter 2006 erof geet.

headphones

1 min

© Anke Thomass / Adobe Stock
(Foto: Anke Thomass / Adobe Stock)

D'Zuel vun de Jonken, déi uginn hunn, an der Schoul gemobbt ze ginn, huet sech der Etüd no zënter 2006 bal em d'Hallschent verréngert. An zwar vun 13 Prozent am Joer 2006 op 7 Prozent am Joer 2022.

D‘Etüd géif op enger Ëmfro baséieren, déi all véier Joer bei Schoulkanner a Jugendlecher am Alter vun 11 bis 18 Joer gemaach gëtt, heescht et vum Educatiounsminister Claude Meisch.