arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Sue fir Léiermeedercher a Léierbouwe

National

|
headphones

2 min

Méi Sue fir Léiermeedercher a Léierbouwe

D’Indemnitéite fir Léiermeedercher a Léierbouwe solle réckwierkend op den 1. Januar 2026 “substantiell” klammen a si sollen harmoniséiert ginn. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch um Méindegmoien zesumme mat de Vertrieder vun de véier Beruffschamberen ugekënnegt.

headphones

2 min

Pressekonferenz am Educatiounsministère | © 100,7
Pressekonferenz am Educatiounsministère (Foto: 100,7)

Donieft soll eng nei Primm fir d’Formateuren an den Entreprisen agefouert ginn, vu 750 Euro pro Apprenti.

Ongläichheeten tëschent Beruffsausbildungen ophiewen 

Bei de méi héijen Indemnitéite fir d’Léiermeedercher a Léierbouwe géif et dorëm goen, d’Ongläichheeten tëschent deene verschiddene Beruffsausbildungen ze eliminéieren, esou de Minister. D’Indemnitéite sollen op Basis vun engem Prozentsaz vum onqualifizéierte Mindestloun gerechent ginn, fir och der Lounentwécklung Rechnung ze droen.

Bei de CCP- an den DAP-Formatioune (Certificat de capacité professionnelle/ diplôme d’aptitude professionnelle) solle se am drëtte Joer beispillsweis ronn 1.620 Euro pro Mount erreechen. De Moment sinn et tëschent 941 an 1.344 Euro.

"Ganz kloer Nee"

De Minister Claude Meisch huet der Fro virgegraff, ob dat elo zu enger Méibelaaschtung fir d'Entreprisë féiere géif: Entreprisen, déi den Effort maachen am Alldag Jonker auszebilden, an esou fir Nowuess net nëmme vun hirer Entreprise, mee generell fir d'Gesamtekonomie vun hirem Secteure suergen, missten net méi déif an d'Täsch gräifen, heescht et vum Minister Claude Meisch.

"Hei ass et esou, datt den Apprenti kritt méi Indemnitéit. Jo, de Patron bezilt dann och méi aus, mee e gëtt awer och rembourséiert iwwer déi eenzel Mechanisme vun der Regierung."

Käschtepunkt vun der Reform: 14 Milliounen Euro

De Gesamtkäschtepunkt vun dëser Reform fir de Staat soll bei ronn 14 Milliounen Euro pro Joer leien, esou de Minister Claude Meisch op Nofro hin. De Regierungsrot hat de Gesetzprojet fir dës Reform e Freideg ugeholl. Den Accord dofir gouf am Tripartite-Format fonnt. 

Vertrieder:innen aus dem Secteur weisen sech zefridden

D’Vertrieder:inne vun der Chambre des Salariés, der Chambre de Commerce, der Chambre des Métiers an der Chambre de l’Agriculture hu sech op der Pressekonferenz am Educatiounsministère a Clausen zefridden iwwer déi geplangte Reform gewisen.