Radioen

On air

Tockcity  |  Humour - Neighbours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Entspanung am Kaschmir an Aussiicht

Tëschent Indien a Pakistan

Keng Entspanung am Kaschmir an Aussiicht

An der Nuecht op en Donneschdeg huet déi indesch Aviatioun op en Neits Ziler am Pakistan an der Regioun Kaschmir bombardéiert. Et koum och zu direkte Schéissereien tëschent indeschen a pakistaneschen Zaldoten. De Christian Wagner vum däitschen Institut fir international Politik a Sécherheet geet awer net covun ass, datt de Konflikt wäert eskaléieren.

auto_stories

1 min

Indesch Zaldoten an der Kaschmir-Regioun. | © picture alliance / NurPhoto | Firdous Nazir
Indesch Zaldoten an der Kaschmir-Regioun. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Firdous Nazir)

An der Nuecht op e Mëttwoch hat Indie Loftugrëffer op Ziler am Pakistan lancéiert – dat als Replik op eng Terrorattack an der Kaschmir-Regioun den 22. Abrëll bei där haaptsächlech indesch Touristen em d’Liewe komm sinn. De Christian Wagner vum däitschen Institut fir international Politik a Sécherheet mengt, de Konflikt kéint realtiv séier deeskaléiert ginn. 

"Wir haben heute morgen erfahren, dass die Sicherheitsberater von Indien und Pakistan miteinander im Gespräch sind. Auch der amerikanische Sicherheitsberater hat mit beiden Seiten Kontakt. Das spricht dafür, dass man hier versucht, hinter den Kulissen so schnell wie möglich eine Deeskalation herbeizuführen."

Un engem gréissere Krich kéinte weder Pakistan nach Indien en Intressi hunn, esou nach de Süd-Asien Expert Christian Wagner. Indien huet seng Truppen haaptsächlech op der chineesescher Grenz placéiert. Pakistan huet massiv Problemer am eegene Land wéinst dem Opschwong vun islamisteschem Terrorismus.