Radioen

On air

Notturno  |  Group Listening - Frogs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënscherechter an demokratesch Wäerter misste weider gestäerkt ginn

Fréieren UNO-Generalsekretär Ban Ki-moon zu Lëtzebuerg

Mënscherechter an demokratesch Wäerter misste weider gestäerkt ginn

Et misst ee sech dräi Prioritéite setze fir d’Ziler vun ënner anerem der Bekämpfung vum Klimawandel ze erreechen. Dat sot de fréieren UNO-Generalsekretär Ban Ki-moon um Mëttwochmoien a senger Erëffnungsried vun de Kooperatiouns-Assisen. Eng Koferenz, bei der international Kooperatioun an Hëllefen am Mëttelpunkt stinn.

auto_stories

1 min

De Minister Gilles Roth mam Ban Ki-moon. | © SIP / Emmanuel Claude
De Minister Gilles Roth mam Ban Ki-moon. (Foto: SIP / Emmanuel Claude)

Déi global Institutioune missten iwwerschafft ginn, fir datt international Organisatioune besser op d’Bedürfnisser vun all de Natioune kéinte reagéieren, esou de Ban Ki-moon.

Weider sot de fréieren UNO-Generalsekretär, et sollt ee sech deementspriechend iwwerleeën, wéi ee beispillsweis den UNO-Sécherheetsrot kéint reforméieren. Eng Fro, déi den DP-Ausseminister Xavier Bettel och a senger Ried thematiséiert hat.

Weider wier et dem Ban Ki-moon no wichteg, Ofkommessen, wéi de Paräisser Klimaaccord, ze ënnerstëtzen. Esou Ofkommesse géifen der Welt ee klore Kader setze fir op eng nohalteg Zukunft hinzeschaffen. Beim drëtten Usazpunkt sti Mënscherechter fir de Ban Ki-moon am Fokus.

"Mir sollten déi international Uerdnung, déi op Reegele baséiert, verdeedegen. Internationaalt Recht, Mënscherechter an déi demokratesch Wäerter musse méi wéi nach ni als Fundament vum gemeinsame Progrès gestäerkt ginn. Wa global Normen ënnerdréckt ginn, riskéiere mir Instabilitéit, Konflikter an d’Verschäerfe vu bestoende Konflikter. Altruisteschen Dialog muss am Mëttelpunkt vun diplomateschen Efforte stoen."

Fir eng besser Zukunft wier de Multilateralismus eng Noutwennegkeet, esou nach de Ban Ki-moon.