Radioen

On air

9 bis 1  |  Lorde - What Was That

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amnesty International schwätzt vun enger globaler Mënscherechtskris

Joresrapport

Amnesty International schwätzt vun enger globaler Mënscherechtskris

Dem US-President seng Politik géif Hëllefsorganisatioune cibléieren an hinnen d'Liewe schwéier maachen. Militäresch Aktioune vu russescher an israeelescher Säit géifen och géint d'Mënscherechter goen. Des Weidere géifen aktuell Regierungen et den zukünftege Generatioune schwéier maache, wann ee géif kucken, wéi mam Klimawandel ergaange gëtt, esou Amnesty International. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch play_arrow
(Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch)

100 Deeg nodeems den Donald Trump seng Amtszäit als US-President ugetrueden huet, hätt hien déi global Mënscherechter scho mat Féiss getrëppelt, esou Amnesty International an hirem Rapport. Duerch seng politesch Aktiounen, déi Hëllefsorganisatiounen, wéi zum Beispill USAID, negativ beaflossen, wier hie mat dofir verantwortlech, datt d'Situatioun vun de Mënscherechter sech verschlechtert hätt.

Den Opschwong vun autoritäre Regimmer wier besuergneserreegend

Sief dat déi russesch Invasioun an d'Ukrain, déi militäresch Interventioun vun Israel an der Gazasträif oder déi brutal Ënnerdréckung vu Protester an der Tierkei oder am Bangladesch, esou Amnesty International.

Regierunge géifen déi zukünfteg Generatioune vernoléissegen, heescht et nach am Communiqué - notamment doduerch, datt de Problem vun der Klimakris net valabel ugaange gëtt. D'COP29 wier eng Katastroph gewiescht. Dat ënner anerem dowéinst, well Lobbyiste vu fossillen Energien ze vill Afloss gehat hätten. De Réckzuch aus dem Paräisser Klimaofkommes säitens der USA géif och e ganz schlecht Signal un d'Welt senden.

Rechter vu queere Leit a vu Fraen a Gefor

Och iwwer d'Rechter vu Fraen a Leit aus der LGBTQIA+-Communautéit mécht Amnesty International sech Suergen. Ob dat am Afghanistan wier, wou d'Fraen an der Ëffentlechkeet ëmmer manner Rechter hätten oder an afrikanesche Länner wéi dem Malawi, wou Schrëtter ënnerholl goufe fir LGBTQIA+-Koppelen ze kriminaliséieren.

Lauschterenplay_arrow