Net méi dobäi ass de Verteideger Mica Pinto an nees am Kader ass de Sébastien Thill.
Wéinst gudder Performance
Et hätt een de Kenan Avdusinovic op Grond vu senger gudder Performance am Ufank vun der Saison nominéiert, seet de Jeff Strasser. Hien hat a sechs Matcher, sech Goler geschoss.
“A wann een déi lescht Saison kuckt, wou en an 23 Matcher am Fong 17 Goler geschoss huet, ass dat e richteg groussen Total. An deementspriechend e Spiller aus der BGL-Ligue, dee fir mech elo méritéiert huet, fir dëse Stage selektionéiert ze ginn.”
De Match géint Däitschland ass den 10. Oktober zu Sinsheim. Dohi fueren der FLF no iwweregens iwwer 2.000 Lëtzebuerger Supporteren hin.
Dobäi huet hien de Kader fir d’Partie géint Däitschland a fir d’Partie, 3 Deeg drop, an der Slowakei presentéiert. Nei am Kader ass de Kenan Avdusinovic, dee saisoniwwergräifend vill Goaler geschoss huet, sou den FLF-Coach. De Sébastien Thill sengersäits feiert säi Comeback an der Nationalekipp, wougéint de Brian Madjo decidéiert huet, an Zukunft fir England wëllen ze spillen.
Mécht et dem Jeff Strasser Suergen, dass et am däitsche Kader fir de Match vun der nächster Woch keng grouss Changementer gouf, soudass sech d’”Mannschaft” fir hir manner gutt Performancë vum September wäert wëllen zréckkafen?
“Wéi si de Match uginn, dat bestëmmt hiren Trainer. Ech weess, wéi mir de Match wëllen ugoen. Mat Sécherheet ass Däitschland am Moment an enger Positioun, wou se phaseweis kritiséiert ginn, well se an der Slowakei verluer hunn. Mä wa se an der Slowakei verluer hunn, da gëtt et och vläicht Grënn, firwat se verluer hunn!”
Däitschland géif e staarke Géigepressing spillen, huet den FLF-Coach ënner anerem analyséiert.