arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kanner a Strukture solle méi geschützt ginn

OKAJU

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Kanner a Strukture solle méi geschützt ginn

Et wier wichteg Kanner, déi placéiert sinn, an Zukunft nach besser ze schützen. Dat war ee vun de Message vum Ombudsman fir Kanner- a Jugendlecher um Méindegmoien an der Chamber.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture-alliance / dpa | Jörg Schmitt
(Foto: picture-alliance / dpa | Jörg Schmitt)

Am Kader vun der Presentatioun vum Joresrapport vum OKAJU huet den Ombudsman Charel Schmit präziséiert, datt aktuell méi wéi 1.500 Kanner zu Lëtzebuerg placéiert wieren, dovunner bal zwee Drëttel an den Institutiounen an iwwer een Drëttel bei Fleegefamilljen.

Méi wéi 1.500 Kanner si placéiert

Dës Kanner misste speziell geschützt ginn, fir datt déi Zäit déi d’Kanner an dëse Strukture verbréngen net zu enger zousätzlecher Belaaschtung fir si géif ginn. Den Ombudsman huet an dem Sënn och argumentéiert, datt Kanner net präventiv solle vun hire Famille wech geholl ginn, mee datt allméiglech ambulant Hëllefen de Famillje sollen zu Verfügung gestallt ginn, esou de Charel Schmit.

“Awer mir sollen net aus präventive Grënn placéieren, well da feelen eis déi Plaze fir déi Kanner, déi net méi kënnen an hirem familiäre Setting bleiwen. Dat heescht, dat ass wichteg, datt do déi ambulant an déi stationär Hëllefen optimal openeen ofgestëmmt ginn.”

Kanner dierften net aus ekonomesche Grënn placéiert ginn. Et misst een iwwert de Wee vun anere Sozialhëllefen an duerch Wunnengspolitik versichen Hëllefen unzebidden. De Kanner hiert Recht a Famillje kënnen opzewuesse sollt garantéiert ginn, esou nach de Charel Schmit.

Opfälleg wier déi héich Unzuel un Neigebuerenen, déi placéiert ginn. 2025 waren dat bis elo 17 Bëbeeën. Bal duebel souvill wéi d'lescht Joer. Grad fir déi jéngst fuerdert déi gréng Deputéiert Sam Tanson déi richteg Strukturen:

"Well et eigentlech immens wichteg wär, datt et Infrastrukture géif ginn, wou Kand an Eltere kéinten zesumme bleiwen. Den OKAJU  huet vill vun deene faméisen dausend éischten Deeg geschwat, wou esou eng Infrastruktur misst kënne fonctionéieren. Also do gesäit ee schonn en extreeme Bedarf fir eppes virzegesinn."

Accès op digital Welt muss regléiert ginn

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher huet  och dorop higewisen, datt den Accès zur digitaler Welt méi streng misst reglementéiert ginn. Hie berifft sech op eng Etüd, déi gewisen huet, datt en ze héije Konsum vun digitale Contenuen zu mentale Gesondheetsproblemer am Erwuessenenalter féiere kéint.

"Dat ass eng international Meta-Etüd, déi op déi Risiken hiweist, déi dann entstinn, fir Idées suicidaires ze kréien, fir Aggressivitéit, Bezéiung, Bindungsproblematiken an all aner Problemer, déi nach kënnen aus engem Iwwermooss vum Smartphone entstoen."

Duerch Wunnsituatioun an d'Zukunft vun de Kanner investéieren

Och d’Aarmut war e wichtege Sujet am Rapport vum OKAJU. Speziell Kanner aus aarme Famillen, géifen a Wunnsituatiounen opwuessen déi net kannergerecht wieren, esou de Charel Schmit. Zum Beispill an de Flüchtlingswunnengen vum ONA.

"Dat kollektivt Hebergement ass eppes wat Spueren hannerléisst an enger Kandheet. Et geet een dovun aus, datt déi 2 .000 Kanner, déi an deene Strukturen opwuessen, zum groussen Deel, zu grousser Majoritéit wäerten zu Lëtzebuerg bleiwen. Dat heescht, wa mer wëllen an déi Kanner, an déi Generatioun investéieren, da sollte mer och kucken, datt mer, souwéi all déi aner Kanner, déi ënner schlechte Wunnkonditioune sinn, méi séier en Accès kënnen zu Wunnenge kréien."

E weideren Aspekt vum OKAJU Rapport war eng besser a méi komplett Prise en Charge vu jonken Affer vu Gewalt. D’CSV-Deputéiert Nathalie Morgenthaler fuerdert an dem Kader, datt de Centre national pour victimes de violences, kuerz CNVV, deen am Abrëll opgaangen ass, besser un d’Besoine vu Kanner a Jugendlechen ugepasst gëtt. Och den Ombudsman selwer huet a sengem Rapport en eegent Kannerschutzkonzept am CNVV gefuerdert.

play_arrow Lauschteren