Radioen

On air

Moiesstudio  |  4.12. ass Bärbelendag

play_arrow Live
search

/ Kanner-Jugendtelefon 2023 mat méi Zoulaf wéi déi Jore virdrun

Mental Gesondheet bei Kanner

Kanner-Jugendtelefon 2023 mat méi Zoulaf wéi déi Jore virdrun

De Kanner-Jugendtelefon hat d’lescht Joer 50 Prozent méi Kontakter mat Jonker wéinst hirer mentaler Gesondheet, wéi nach dat Joer virdrun. Dat seet Direktesch vum Kanner-Jugendtelefon am 100,7 Interview a confirméiert domat d’Observatiounen aus dem neie Joresrapport vum OKAJU, deen d’lescht Woch erauskomm ass.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Adobe Stock

Do geet vun alarméierenden Zuele rieds, wat déi mental Gesondheet vun deene Jonken ugeet. Aus dem Rapport an aus Temoignage vun de Jonke selwer geet och ervir, datt et dacks schwéier ass, déi richteg Ulafstell ze fannen. Och dat confirméieren d’Acteuren um Terrain.

Et gëtt un der Bekanntheet vum KJT geschafft

Déi Jonk wéissten dacks net u wie se sech solle wende bei psychesche Problemer, seet d’Aline Hartz, Direktesch vum Kanner-Jugendtelefon. Dobäi kéime laang Waardezäite fir ee Rendez-vous ze kréien.

"Et ass e bëssen esou ee sozialen Dschungel. Et gëtt ganz vill, awer et ass alles spezialiséiert an et ass fir si net ëmmer einfach genee ze wëssen: 'Wou soll ech mellen, wéi soll ech mech uleeë fir enzwousch hinzekommen a wat passéiert genau, wann ech dohinner ginn'"?

Als Kanner-Jugendtelefon wéilt een deene Jonken eng éischt sécher Plaz ubidden a se duerno weider orientéieren, erkläert d’Aline Hartz. Mat den eenzelne Servicer hätt de KJT eng gutt Zesummenaarbecht.

"Mir hu reegelméisseg Themenowender, wou mir déi eng oder aner Associatioun reegelméisseg aluede fir een Update och ze kréien, wat bidde si nei un, wat sinn hir Challengen. An eis Benevolle sinn dann och ëmmer op deenen Themenowender dobäi natierlech, wou si da wëssen, wat nei ass um Terrain."

Well de Kanner-Jugendtelefon anonym ass, ass ee Suivi net méiglech. Och d’Nummer vum KJT wier nach laang net jidderengem bekannt, bedauert d’Direktesch. Do géing een dru schaffe fir nach méi bekannt ze ginn.

Éischthëllefscoursen an der mentaler Gesondheet

D’Ligue santé mentale wëll hirersäits d’Offer un Éischthëllefscoursen an der mentaler Gesondheet ausbauen. Ee Konzept, dat et och scho fir Erwuessener gëtt, wéi d’Chargée de direction, Barbara Bucki, erkläert.

"Et puis on a dévelopé une version, qui aide les adultes à venir en aide à des jeunes. Donc ça s’appelle la version “youth”. Et puis, pour l’instant, cette version “youth” elle est mené prinicpalement dans les établissement scolaires pour former des lycées on va dire résilients, pour former le personnel à mieux orienter les jeunes ou plus tôt."

An enger weiderer Phas sollen och Jonker selwer forméiert ginn, esou d’Chargée de direction vun der Ligue santé mentale. 

Lauschterenplay_arrow