Nëmmen nach Geräter, déi dem Spiller keng Méiglechkeet op Gewënner, oder soss ee finanziellen oder materielle Virdeel ginn, sollen erlaabt sinn. D’Ubidder vun illegale Glécksspiller sollen an Zukunft bis zu aacht Joer Prisong a Geldstrofe vu bis zu enger hallwer Millioun Euro riskéieren.
Schutz vu Mannerjäregen a Kampf géint organiséiert Kriminalitéit
D’Justizministerin huet erkläert, datt mat dëser éischter Etapp vun der Reform déi Mannerjäreg solle geschützt ginn. Et géif awer och ëm Moyene fir de Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit goen. An de Caféë géifen eng Rei Geräter stoen, déi net deem géifen entspriechen, wat erlaabt ass, huet d’Elisabeth Margue bestätegt.
“Dorëms geet et eigentlech haut hei, fir eeben dofir ze suergen, datt an de Caféen nëmmen nach déi Spiller stinn, déi vun der Lotterie nationale autoriséiert ginn. Gläichzäiteg musse mir eis natierlech d'Moyene ginn, fir strofrechtlech géint déi virzegoen, déi net autoriséiert sinn, fir do kënnen och dergéint virzegoen. Dowéinst hu mir d'Definitioun missen upassen”
Zesumme mam Minister Lex Delles (DP) hätt si eng Entrevue mat der Fédératioun HORESCA gehat, fir de Secteur op déi geplangte Changementer ze preparéieren. Et wéilt een “déi éierlech Caféen” ënnerstëtzen, esou d’Elisabeth Margue.
An enger zweeter Phas vun der Reform vun der Legislatioun vun 1977 soll et ë.a. ëm den Encadrement vum digitale Glécksspiller goen.