De Poopst kritiséiert den internationalen Ëmgang mat Migranten a Migratinnen
De Poopst Leo ass haut, um sechsten Dag vu senger offizieller Visitt a Spuenien, op de Kanareschen Inselen. De Chef vun der kathoulescher Kierch huet dobäi kritiséiert, datt et ëmmer méi Leit egal wier, wat mat Migrante géif geschéien,
Op de Mierer géife Monsteren a Mafiosie Geschäfter mam Liewe vu Mënsche maachen, déi sech net wiere kéinten. Fraen a Kanner géifen als Sklave genotzt ginn. Et dierft een net einfach ewechkucken, oder vergiessen, datt dat geschitt, esou de Poopst.
Als Hommage un all déi Mënschen, déi am Mier ëm d'Liewe komm sinn, huet hie Blummen an d'Waasser gehäit.