Dobäi huet hien de Kader fir d’Partie géint Däitschland a fir d’Partie, 3 Deeg drop, an der Slowakei presentéiert. Nei am Kader ass de Kenan Avdusinovic, dee saisoniwwergräifend vill Goaler geschoss huet, sou den FLF-Coach. De Sébastien Thill sengersäits feiert säi Comeback an der Nationalekipp, wougéint de Brian Madjo decidéiert huet, an Zukunft fir England wëllen ze spillen.
Mécht et dem Jeff Strasser Suergen, dass et am däitsche Kader fir de Match vun der nächster Woch keng grouss Changementer gouf, soudass sech d’”Mannschaft” fir hir manner gutt Performancë vum September wäert wëllen zréckkafen?
“Wéi si de Match uginn, dat bestëmmt hiren Trainer. Ech weess, wéi mir de Match wëllen ugoen. Mat Sécherheet ass Däitschland am Moment an enger Positioun, wou se phaseweis kritiséiert ginn, well se an der Slowakei verluer hunn. Mä wa se an der Slowakei verluer hunn, da gëtt et och vläicht Grënn, firwat se verluer hunn!”
Däitschland géif e staarke Géigepressing spillen, huet den FLF-Coach ënner anerem analyséiert.