Un där Reunioun hätten eng ganz Rëtsch un héichrangege Fonctionnairen an den Ajatollah Ali Chamenei Deel geholl. Dowéinst gouf d'Attack vun Israel an den USA um 20 fir 10 lokal Zäit duerchgefouert. Dat mellt d’New York Times. D’Zeitung zitéiert Leit déi un der Operatioun bedeelegt waren.
D’CIA hätt schonn zënter Méint probéiert den Ali Chamenei ze lokaliséieren. Informatiounen déi och déi israeelesch Arméi confirméiert huet. Bei der Attack wier ënnert anerem och de Chef vun den islamesche Revolutiounsgarden an de Verdeedegungsminister ëmbruecht ginn.
Den ieweschte Leader den Ali Chamenei gëtt elo ersat duerch een Triumvirat, dem President Massoud Pezeshkian, dem Justiz-Chef an dem Alireza Arafi engem Member vum Conseil vun de Gardë vun der iranescher Verfassung.