Am schlëmmste betraff ass d‘Insel Sumatra. Dausende Mënsche sinn do vun der Aussewelt ausgeschloss a kréien den Ament keng Hëllef vun de Rettungsekippen.
An Indonesien huet e Wierbelstuerm iwwer dem Mier katastrophal Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher ausgeléist. Aussergewéinlech staarke Reen huet och an Thailand, Malaysien an op Sri Lanka Iwwerschwemmunge mat Honnerten Doudege verursaacht.