Der WHO no wier 2023 all zwou Minutten eng Fra virun, wärend, oder kuerz no der Gebuert vun hirem Kand gestuerwen. Déi meescht vun deenen Doudesfäll hätte kënne verhënnert ginn. E Manktem u medezineschem Personal wier ee vun den Haaptgrënn vun där héijer Stierflechkeet bei Gebuerten, esou d'WHO.
Besonnesch betraff sinn Deeler vun Afrika a Länner mat héijer Aarmut.