Béid Säiten haten am Kader vum Accord iwwer d‘Wafferou ausgemaach, datt fir jidder Läich vun enger israeelescher Geisel, déi iwwergi gëtt, 15 verstuerwe Palästinenser aus der Gazasträif zeréckgi ginn. Et wieren nach 8 Läiche vun israeelesche Geiselen an der Gazasträif.
Den UNO-Chef Antonio Guterres huet dann de Moie gewarnt a sot, hie wier ganz besuergt ëm déi kontinuéierlech Verstéiss géint d‘Wafferou an der Gazasträif.