“D’Responsabilitéit vun der libanesescher Regierung fir d’Hisbollah ze entwaffnen an aus dem Südlibanon ze verdreiwen, muss agehale ginn” sot den israeelesche Minister an engem Communiqué. Déi pro-iranesch Grupp géif “mam Féier spillen”, esou den Israël Katz.
Et géif ee keng Bedrohung fir déi israeelesch Awunner aus dem Norden zouloossen. Dausenden Israeeli, déi un der Nordgrenz zum Libanon liewen, misste méintelaang hir Haiser verloossen, nodeems d’Hisbollah eng Front géint Israel opgebaut hat (nom Ausbroch vum Krich an der Gazasträif 2023).
Israel huet an de leschten Deeg seng Ugrëff op Ziler vun der Hisbollah verstäerkt.