Israeelesche President Izchak Herzog an Australien invitéiert
Den Izchak Herzog wéilt sech engagéiere fir de Kampf géint Antisemitismus an Extremismus. Et wier ganz wichteg, sech dofir anzesetzen, esou den israeelesche President an engem Message.
Zwee Attentäter, e Papp an säi Jong, haten de 14. Dezember um berüümte Bondi Beach zu Sydney op engem jüddesche Fest 15 Mënschen ëmbruecht. De Papp ass vun der Police erschoss ginn, de 24 Joer ale Mann gouf blesséiert an ass an Tëschenzäit am Prisong.