Duerch déi Attacke wëll Israel verhënneren, datt d’Hezbollah hir Infrastrukturen nees opbaut.
D’Hisbollah-Milizen am Libanon haten um Donneschdegmoien erkläert, datt si e legitimt Recht hätten, fir sech géint Israel ze wieren. D’pro-iranesch Milizen hunn donieft betount, si géifen zënter November zejoert de Waffestëllstandsaccord respektéieren. An engems géif een all politesch Verhandlunge mat Jerusalem refuséieren.