arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iran: Police schwätzt vun „arméierten Opstänn“ bei Protester

International

|
headphones

1 min

Iran: Police schwätzt vun „arméierten Opstänn“ bei Protester

D’Police am Iran schwätzt vun “arméierten Opstänn” am Zesummenhang mat de Protester géint d’Staatsféierung. Si deit domat u méi haart géint d’Demonstrante virzegoen. D’Protester géifen ëmmer méi hefteg ginn, seet d’Police.

headphones

1 min

Iranesche Fändel | © picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl
Iranesche Fändel (Foto: picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl)

D’Protester dauere mëttlerweil scho siwen Deeg un. Ausgeléist goufen se duerch eng Wirtschaftskris an eng immens héich Inflatioun. D’Regierung hält sech mat Informatiounen zu de Protester zeréck. Staatlech Medien hunn allerdéngs vu “politeschen Onrouen” mat op d’mannst 10 Doudegen an 30 Arrestatioune bericht. Aktivist:innen no, sinn déi real Zuelen awer däitlech méi héich.

Teheran erkläert sech no Trump-Drohunge bereet

Den US-amerikanesche President Donald Trump hat mat enger Interventioun vun den USA gedreet, wann Demonstrante géifen ëmbruecht ginn. Déi iraneschen Autoritéiten hunn doropshi viru Géigemoossname gewarnt, wann dës “rout Linn” géif iwwerschratt ginn.