Am Moment deiten d’Projektiounen drop hin, datt an dräi Joer eng éischte Kéier méi u Pensioune muss ausbezuelt ginn, wéi iwwer d’Cotisatiounen erakënnt. Wann een déi Diskussiounen eréischt 2027 géif ufänken, da géif ee riskéieren, keng rationell Argumenter méi op den Dësch kënnen ze leeën.
Wat ee méi laang waart, wat een och méi staark misst agräifen. Et géif ee riskéieren "mam Kapp widdert der Mauer", ze stoen.
“D’Mauer réckelt zwar och nach e bëssen, wann ee fest genuch dréckt, mee d’Manoeuvrabilitéit ass op alle Fall net méi ginn 2027, an nach manner 2033.”
Den Dynamismus vum Aarbechtsmarché zielt
D’Cotisatioune géifen net duerch eng Erhéijung vum Taux an d’Luucht goen, mee duerch den Dynamismus um Aarbechtsmarché. Wann een zum Beispill eng Kéier 500.000 Mënschen an der Pensiounskeess hätt, sou misst ee 700.000 bis 800.000 Salariéen hunn. Dat wier eng Situatioun déi ee sech haut net kéint virstellen.