Bei der Gestion locative sociale wier de Loyer manner héich. Dat erméiglecht et de Beneficiairen sech iwwerhaapt eng Wunneng an der Locatioun leeschten ze kënnen. Iwwerdeems hätt dëst och Virdeeler fir d‘Proprietären.
"Déi Proprietären, déi mat eis zesummeschaffen, do ass de Loyer elo net déi éischt Motivatioun, well si loossen d'Wunneng jo anerwäerts eidel stoen. Dat heescht, een deen e Marchésloyer wëll, dee geet op den éischte Marché, an dat ass och gutt."
Proprietären, déi mat der Fondation pour l'Accès au Logement zesummeschaffen, wieren zefridden, seet de Gilles Hempel. De Virdeel wier och deen, datt een do ass dee sech ëm d'Wunneng këmmert.
D‘Wunneng wier also a gudden Hänn an et géif een domat eppes Guddes maachen, seet de Gilles Hempel.