arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ International Infiermiersfederatioun EFN kritiséiert Beruffsreform zu Lëtzebuerg

Fleegesecteur

|
reading time

1 min

International Infiermiersfederatioun EFN kritiséiert Beruffsreform zu Lëtzebuerg

Déi international Federatioun vum Infirmiersberuff EFN kritiséiert an engem Schreiwes déi geplangte Reform vum Beruff zu Lëtzebuerg. De Gesetzesentworf géif al Strukturen erëmginn an déi néideg berufflech Autonomie vun den Infirmieren aschränken am Plaz se no moderne Standarden ze fërderen.

reading time

1 min

Infirmière (Symbolbild) | © picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales
Infirmière (Symbolbild) (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales)

Ënner anerem gëtt méi Autonomie an Eegeverantwortung fir d‘Infirmiere gefuerdert. Domat géif d‘Patientesécherheet an d‘Effizienz vum Gesondheetssystem verbessert ginn, esou d‘EFN. 

Iwwerdeems warnt d‘Federatioun viru méigleche rechtleche Konsequenzen op EU-Niveau, wann de Gesondheetsministère d‘Warnunge vun der Infirmiersassociatioun ANIL weider géif ignoréieren