Dat wier dann – wann och eng Mediatioun scheitere géif – vun November un de Fall. De Gesondheetsministère wier den Ament och schonn am Gaang un deem Reglement ze schaffen, esou nach d‘Martine Deprez.
De Règlement grand ducal regelt dann “déi obligatoresch Elementer an der Relatioun tëschent der Gesondheetskeess an den Dokteren, esou wéi se am Code de la sécurité social virgesi sinn”.
Tariffer net iwwer Konventioun gereegelt
Dobäi géif et net ëm d’Nomenklatur an och net ëm d’Tariffer fir d’Leeschtunge, déi duerch d’Lettre clé festgeluecht sinn, goen. Dat huet d’Ministesch op Nofro hi präziséiert. D’Tariffer wieren also iwwer den Code de la sécurité sociale festgesat an dat onofhängeg ob eng Konventioun besteet oder net.
De Moien hat d’Gewerkschaftsunioun OGBL LCGB virun „dramatesche Konsequenzen“ gewarnt wann et net zu enger neier Konventioun kéim – virun allem well et esou eng Situatioun nach ni ginn hätt an nach vill Froe géifen oppe bleiwen.
D‘Gesondheetskeess an d‘Dokteschvereenegung si sech am Fong eens iwwert den Text vun der Konventioun – d‘AMMD ass awer net bereet fir se ze ënnerschreiwen, esou laang hir Fuerderunge fir d’Gesetzessännerungen net géifen erfëllt ginn. Dat huet den AMMD-President Chris Roller de Moien hei op der Antenn nach eemol betount.