search

/ International Atomenergie-Agence annoncéiert extraordinär Reunioun zu Wien

Krich am Iran

|
headphones

1 min

International Atomenergie-Agence annoncéiert extraordinär Reunioun zu Wien

D’Atomenergie-Agence IAEA rifft fir de Méindeg eng urgent Sëtzung an der éisträichescher Haaptstad an. D’UNO-Agence huet hei hire Siège. Den UN-Sécherheetsrot huet d'amerikanesch-israeelesch Attacken op den Iran virrangeg verurteelt.

headphones

1 min

International Atomic Energy Agency (IAEA) | © Jonathan Raa/NurPhoto
International Atomic Energy Agency (IAEA) (Foto: Jonathan Raa/NurPhoto)

Am Communiqué vun der IAEA heescht et, datt een iwwert Froen déi notamment am Kontext vun de rezent Attacke vun Israel an den USA op d’Iranesch Republik opkomme wieren, berode wëll. 

International Atomic Energy Agency (IAEA) hat d’Opsicht fir dem Iran hiren Atomprogramm ze superviséieren. Dat bis den Donald Trump am Joer 2018 aus dem Atom-Ofkommes JCPOA ausgetrueden ass. Den US-President wëllt elo nees verhënneren, datt den Iran Atomwaffen entwéckelt an ass onglécklech, datt d‘Verhandlunge bis ewell näischt gi sinn. Hien hat dem Iran en Ultimatum bis Ufank Mäerz gestallt, soss géifen d‘USA militäresch intervenéieren.

Reunioun vum UN-Sécherheetsrot

No den US-israeeleschen Ugrëff op den Iran ass den UN-Sécherheetsrot gëschter zu New York zesumme koum. Iranesch Vertrieder soen d‘Ugrëff géife géint internationaalt Recht verstoussen. Et wiere schonn Honnerten Zivilisten ëmbruecht oder blesséiert ginn. D‘USA gesinn dat allerdéngs anescht a fannen si wieren am Recht.

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres sot d‘Situatioun am Golf an am Noen Oste wier ausser Kontroll an alleguer déi Bedeelegt sollten zeréck op de Verhandlungsdësch kommen.