arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Internationaalt Militärmanöver an der Belsch: Lëtzebuerg prouft den Eeschtfall

Arméi

|
headphones

5 min

headphones

4 min

play_arrow

Internationaalt Militärmanöver an der Belsch: Lëtzebuerg prouft den Eeschtfall

Bis de 5. Dezember huele 700 Zaldoten an Zaldotinnen - dorënner 121 aus Lëtzebuerg - un engem internationale Manöver an der Belsch Deel. D'Interoperabilitéit a Kampftaktike stinn um Programm. Een Offizéier huet eis Ablécker an déi verschidden Exercicer ginn.

headphones

5 min

headphones

4 min

play_arrow
© Bataljon Jagers te Paard - Bataillon de Chasseurs à Cheval
(Foto: Bataljon Jagers te Paard - Bataillon de Chasseurs à Cheval)

Bis de 5. Dezember participéiert d’Lëtzebuerger Arméi mat 121 Zaldoten an Zaldotinnen un engem internationalem Militärmanöver an der Belsch. Dësen Exercice rassembléiert ronn 700 Persounen. Et sinn dëst Unitéiten aus de Beneluxlänner, Frankräich, Däitschland an der tschechescher Republik. 

No un der franséischer Arméi

Déi 700 Zaldoten an Zaldotinne sinn am Ganze wärend zwou Wochen dobaussen a kréien eigentlech net vill ze schlofen. Si trainéiere spezifesch Situatiounen.

Déi éischt Deeg goung et drëms ze kucken, ob hir verschidden Equipementer richteg matenee kënne kommunizéieren. Dat géif klappen, seet den Offizéier Patrick Spielmann, Responsabele fir den Training, d’Instruktioun an d’Exercicen am Departement Operatioun vun der Lëtzebuerger Arméi.

"Dat ass e grousse Sujet an der NATO. Dat ass notamment och de Grond, firwat datt Lëtzebuerg op de Wee gaangen ass, elo franséisch Ween ze kafen. Déi selwecht, déi och eis belsch Partner hunn. D'Interoperabilitéit hu mir jo op zwee Niveauen. Dat heescht, eemol no ënne musse mir als Lëtzebuerg, dat ass ëmmer d'Responsabilitéit vum Echelon supérieur, déi Leit unzebannen. Dat heescht, mir hunn d'Responsabilitéit, déi franséisch Unitéiten unzebannen."

Dat wier an deem Fall awer kee Problem, well een de selwechte Radio wéi Frankräich hätt.

Dron ass net gläich Dron

Et géif een och déi selwecht Taktiken an d’Doktrinn wéi d’Fransousen uwenden, esou datt een dem Patrick Spielmann no zu 90 Prozent kéint Manöveren optimal zesummen duerchféieren.

Lëtzebuerg hëlt mat senger Compagnie de reconnaissance um internationale Manöver deel. Dat heescht der Opklärungskompanie.

D’Lëtzebuerger hunn 39 Gefierer an 11 Dronen derbäi. Et gi verschidden Typpe vun Dronen, ënner anerem den Typ Puma, dee wéi ee Fliger ausgesäit. Dann och méi kleng Modeller, déi just e puer honnert Gramm weien.

Den Asaz, an d'Bekämpfung vun Dronenattacken, steet ganz uewen an der Agenda. | © Bataljon Jagers te Paard - Bataillon de Chasseurs à Cheval
Den Asaz, an d'Bekämpfung vun Dronenattacken, steet ganz uewen an der Agenda. (Foto: Bataljon Jagers te Paard - Bataillon de Chasseurs à Cheval)

An der Belsch hunn d’Lëtzebuerger d’Missioun de Feind ze observéieren, preziséiert de Patrick Spielmann.

"Déi Dronen, déi spillen awer an der sougenannter Sensor Shooter Loop. Dat heescht mir klären de Géigner op, d'Informatioun gëtt schnell weiderginn an de Géigner gëtt direkt bekämpft, ob dat elo mat Artillerie oder bewaffneten Dronen oder anere Moyenen ass. Déi bewaffnet Dronen an dësem Fall ginn net vu Lëtzebuerg gestallt, mee vun engem vun eise Partner."

Zaldote mussen och kreativ ginn

D’Schwieregkeet derbäi ass, datt et ganz ënnerschiddlech Typpe vun Drone gëtt, déi net ëmmer ze erkenne sinn, erkläert de Patrick Spielmann. Et ginn der nämlech, déi mat Radiosfrequenze funktionéieren, anerer si programméiert a fléie ganz autonom. Déi senden an deem Fall guer kee Signal.

"Da ginn et anerer, déi fléie ganz déif. Anerer si mat Drot gesteiert, wou och bal net detectabel sinn. Dat heescht, et ass scho schwiereg. An dofir brauch ee méi wéi ee Moyen. Dat heescht, et gëtt net ee Wonnermëttel, dee mir hëlleft, d'Dron et ze detektéieren. Ech brauch am Fong eng ganz Hellewull u Moyenen."

Beim Militärmanöver an der Belsch geet et deemno drëms sech virun Drone vum Feind ze schützen, an do ass eng gewësse Kreativitéit néideg, betount de Patrick Spielmann.

"All eis Leit sinn ausgebilt am Kampf géint Dronen, respektiv wéi ech mech géint Drone protegéieren, an do gehéieren notamment all déi Saache wéi Camouflage-Netzer, Fëschernetzer an all aner improviséiert Saache gehéieren och do derzou. Dat heescht, d'Leit musse kreativ ginn a Léisunge fannen, fir déi Problemer, déi sech da konkreet um Terrain stellen."

De Krich an der Ukrain huet gewisen, datt den Asaz vun Dronen eng wesentlech Roll spillt. Och si hu misste kreativ Léisungen asetzen, esouwuel fir sech ze schützen, wéi och fir eegen Dronen ze perfektionéieren, esou datt se géint de Feind kënnen agesat ginn, ouni detektéiert ze ginn.

play_arrow Lauschteren