Ieweschte Geriichtshaff verurteelt Procureur général zu Amtsverbuet
A Spuenie gëtt den Drock op de Procureur général ëmmer méi grouss. Den Ieweschte Geriichtshaff huet den Álvaro García Ortiz elo zu engem Amtsverbuet vun zwee Joer verurteelt well hie geheim Informatioune weiderginn huet. Donieft huet hien och nach eng Geldstrof kritt a muss Schuedenersatz bezuelen.
Et war fir déi éischte Kéier, datt e Procureur général a Spuenie viru Geriicht steet. Och fir de sozialistesche Premier Sanchez ass déi Verurteelung e Réckschlag. Deen hat den Álvaro García Ortiz nämlech 2022 zum Procureur général ernannt.
Den ieweschte Procureur a Spuenie kann nach an Appell goen, mee den Drock, datt hien zrécktrëtt, gëtt ëmmer méi grouss.