A Groussbritannien huet dat Iewescht Geriicht elo an engem ganz sensibelen Dossier tranchéiert, iwwert dee jorelaang vill a kontrovers, virun allem a Schottland diskutéiert gi war: Wéini ass eng Fra eng Fra? D‘Geriicht huet domat op eng Plainte vun enger transfeindlecher Grupp reagéiert.
Konsequenze fir Transgender Persounen
D’Urteel ass d’Resultat vun engem laangwierege Prozess tëschent der schottescher Regierung an enger Grupp mam Numm “For Woman Scotland”. Déi schottesch Regierung hat argumentéiert, datt Transgender Persoune mat engem Zertifikat iwwer d’Unerkennung vum Geschlecht och Usproch op geschlechtsspezifesch Schutzmesuren hätten. D’Organisatioun “For Woman Scotland”huet dogéint argumentéiert, datt dat nëmme fir biologesch Fraen dierft gëllen.
D’Geriicht betount zwar, datt Trans-Persoune weiderhi virun Diskriminéierung solle geschützt ginn, dës Decisioun vum Supreme Court kéint awer negativ Konsequenzen op Transgender Fraen a Groussbritannien hunn.